Wikimedia Foundation elections/Board elections/2009/Vote interface/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki
D'Walen hunn den 10. August 2009 opgehal. Et gi keng Stëmme méi akzeptéiert.
D'Resultater goufen den 12. August 2009 bekanntgemaach.
Wale fir de Verwaltungsrot 2009
Organisatioun

Title[edit]

Wale fir de Verwaltungsrot 2009

Jump text[edit]

Dës Wale ginn op Serveren, déi vun SPI bedriwwe ginn, ofgehalen. Klickt op de Knäppchen hei ënnendrënner fir op de Server vun de Walen ze kommen.

Introduction[edit]

Wëllkomm bei de Wale vn 2009 fir de Wikimedia Verwaltungsrot (Board of Trustees). Mir wielen dräi Persounen, déi d'Benotzer vun de verschiddene Wikimedia-Projete representéiert. Si wäert dobäi hëllefe fir z'entscheeden, wellech Richtung fir déi verschidde Wikimedia-Projeten ageschloe gëtt, ob eleng oder als Grupp, an är Interessen a Standpunkter am Verwaltungsrot representéiert. Si wäert och dobäi hëllefen, Konzepter z'entwéckelen, fir d'Recetten an d'Spende fir Wikimedia z'erhéijen.

Liest w.e.g. d'Erklärung vun de Kandidaten an hir Äntwerten op Froen, éier Dir fir ee stëmmt. All Kandidat ass e respektéierte Benotzer, dee mat vill Zäit a Gedold dozou bäigedroen huet, aus de Projeten en Ëmfeld ze schafen, dat fir d'Verbreedung vu fräiem Wëssen aluet.

Klasséiert d'Kandidate w.e.g. no ärer Preferenz an dem Dir eng Zuel an d'Kescht hannert den Numm schreiwt (1 = ären 1. Choix , 2= ären 2. Choix, ...). Dir kënnt och méi Kandidaten déiselwecht Preferenz ginn an esouguer fir Kandidate stëmmen ouni eng Preferenz ofzeginn. Et gëtt ugeholl datt dir all déi Kandidaten, denen hir Preferenz Dir uginn hutt, dene Kandidate virzitt denen Dir keng Preferenz ginn hutt an datt Iech all Kandidate bei deenen Dir keng Preferenz uginn hutt Iech gläich léif sinn.

De Gewënner vun der Wal gëtt mat Hëllef vun der Schulze Method errechent. Fir méi Informatiounen, kuckt déi offiziel Säit vun de Walen

Fir méi Informatiounen, kuckt: