Fundraising 2009/appeal/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki

En Opruff vum Wikipedia Grënner, Jimmy Wales[edit]

Haut froen ech Iech fir en Don ze maache fir Wikipedia z'ënnerstetzen.

Ech hunn 2001 mat Wikipedia ugefaangen, an an de leschten aacht Joer war ech ëmmer nees verwonnert a geéiert wann ech gesinn hunn, wéi honnertdausende Fräiwëlleger sech mir ugeschloss hu fir déi gréisst Enzyklopedie vun der Mënschheet op d'Been ze stellen.

Wikipedia ass kee kommerziellen Internetsite. Et ass d'Creatioun vun enger Gemeinschaft, ganz geschriwwen a finanzéiert vu Leit wéi Iech. Méi wéi 340 Millioune Leit benotzen d'Wikipedia all Mount - bal en Drëttel vun de Leit, déi mam Internet verbonne sinn. Dir sidd en Deel vun eiser Gemeinschaft.

Ech gleewen un eis. Ech gleewen drun, datt Wikipedia ëmmer besser gëtt. Dat ass déi ganz Iddi. Eng Persoun schreift eppes, eng aner verbessert et e bëssen, an et gëtt mat der Zäit ëmmer besser. Wann Dir et haut nëtzlech fannt, da stellt Iech vir wéivill mir zesummen a 5, 10 oder 20 Joer erreeche kënnen.

Wikipedia weist d'Méiglechkeet wéi Leit wéi mir Aussergewéinleches kënne leeschten. Leit wéi mir schreiwen d'Wikipedia, ee Wuert nom aneren. Leit wéi mir finanzéieren se. Et ass de Beweis vun eisem gemeinsame Potential fir d'Welt z'änneren.

Mir mussen de Raum, wou dës wichteg Saach geschitt, schützen. Mir mussen d'Wikipedia schützen. Mir wëllen datt se gratis bleift a fräi vu Reklammen. Mir wëllen se offen halen – Dir kënnt d'Informatioune vu Wikipedia esou benotze wéi Dir et wëllt. Mir wëllen datt se weider wiisst, d'Wëssen iwwerall verbreet a jidwereen zum Matmaachen invitéiert.

D'Wikimedia Foundation ass déi Organisatioun ouni Gewënnzweck déi ech 2003 gegrënnt hu fir Wikipedia ze geréieren, wuessen ze loossen an ze schützen. Fir zéng Milliounen US-Dollar pro Joer, a mat manner wéi 35 Leit Personal, bedreift si deen Internetsite deen am fënneftmeeschten op der Welt gelies gëtt. Ech froe fir Är Hëllef datt mir eis Aarbecht weider maache kënnen.

Imagine a world in which every single person on the planet has free access to the sum of all human knowledge. Dat ass dat wou mir hi wëllen. A mat Ärer Hëllef komme mir dohinn.

Merci datt Dir d'Wikipedia benotzt. Dir sidd en Deel vun dëser Geschicht: Maacht w.e.g. haut en Don.

Jimmy Wales

Grënner, Wikipedia