Fundraising 2010/Abbas Appeal/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki

Abbas[edit]

  • Liest w.e.g.:
  • E perséinlechen Opruff
  • vum Wikipedia Auteur Abbas
  • E Message vum Wikipedia Auteur Abbas

Ech contribuéiere bei Wikipedia esou dacks wéi ech kann, andeems ech Artikelen op Englesch a Swahili iwwerschaffen. Ech sinn nach ëmmer erstaunt doriwwer, dass ech hei am Kenia Deel vun enger globaler Communautéit ka sinn, déi sech zesummefënnt, fir all d'Wësse vun der Mënschheet op enger Plaz zesummenzebréngen.

Ech wier frou, och Dir kéint zu der Wikipedia bäidroen, andeems Der en Don maacht och wann et just e puer Euro wieren. De Grond ass deen heiten: Dir sidd Deel vun enger Communautéit grad ewéi ech och, an dat, wat mer zesummen opbauen, ass wichteg.

Wëssen ass Muecht, mä nëmmen, wann et gedeelt gëtt. Jonk Leit hei a Kenia wëssen, datt Bildung de Schlëssel ass, fir aus dem Aarmut erauszekommen. Do gëtt et dobaussen eng Welt vun Informatiounen, mä hautdesdaags ass se fir esou vill Leit net z'erreechen.

Vill Leit an den Entwécklungslänner kënnen net an d'Schoul goen. Déi, déi kënnen, hu Schoulbicher, déi hoffnungslos vereelzt sinn, ma si kënne sech keng nei leeschten. Si wëlle verzweiwelt Deel vun der Weltcommunautéit sinn - an dat ass et, wat Wikipedia méiglech mécht.

Et ass d'Wëssen, dat fräi a gratis mat jidderengem gedeelt gëtt. Et gëtt déi ganzen Zäit aktualiséiert an ass ëmmer aktuell. Et ass eng Verbindung tëscht Iech a mir, a jidderengem, deem d'Wësse wichteg ass, an deem eppes dru läit, dat ze deelen.

Stellt Iech vir, wat en Ënnerscheed et wier, wann d'Schüler an de Schoulen am Kenia regelméissegen Zougank zu der Wikipedia hätten. Dëst ass just e klengen Deel vun deem, wat Der hëlleft, ze ënnerstëtzen, andeems Dir der Wikimedia Foundation en Don maacht.

Mir sinn alleguer Deel vun dëser Communautéit, a jidderee vun eis huet eege Grënn, fir ze hëllefen, d'Wikipedia ze protegéieren an ze erhalen. Wat och ëmmer Äre perséinleche Grond ass, ech hoffen, Dir maacht mat bei dëser jäerlecher Aktioun fir Spenden ze sammelen, mat engem Geschenk vun $20, €30, ¥4.000, oder wéi vill och ëmmer Dir kënnt ausginn, fir ze hëllefen, d'Wikipedia gratis an onofhängeg ze halen.

Et ass wichteg, an et mécht en Ënnerscheed. Merci, datt Dir matmaacht, wéi och ëmmer et méiglech fir Iech ass.

Ären

Abbas Mahmood

Mombasa, Kenya