Fundraising 2010/Joan Gomà/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki

Joan Gomà[edit]

  • Liest w.e.gl.:
  • E perséinlechen Opruff
  • vum Wikipedia-Auteur Joan Gomà
  • E Message vum Wikipedia-Auteur Joan Gomà

Et war zwar net falsch, mä 't war mer awer net richteg genuch. Ech hat op der Wikipedia en Artikel zu engem Mathematik-Sujet fonnt, deen ech op der Uni studéiert hat. Et ass mer opgefall, datt e puer wichteg Saachen doranner gefeelt hunn. Ech hunn op de Knäppchen "Änneren" geklickt, hunn e puer Saachen dobäigeschriwwen ... a schreiwen a verbesseren hei zënterhier.

Wikipedia ass d'Zomm vun all dësen Entdeckungs-Momenter vu Millioune Leit ewéi mir, déi eng Verbesserung hei gemaach hunn. Leit uechtert d'Welt droe mat hirer Zäit, hirem Wëssen an hirer Energie zu dëser Source vu Wësse bäi, déi all Dag méi grouss gëtt.

Iwwer 400 Millioune Leit benotze Wikipedia an hir Sëschter-Projeten all Mount. Se ass dee 5.-populärste Website op der Welt!

Mä wat wierklech bemierkenswäert iwwer d'Wikipedia ass, ass datt se d'Produkt vu Fräiwëllegen ass, déi un engem Artikel, engem Saz, engem Wuert nom anere schaffen. A well et keng Reklammen op der Wikipedia gëtt, sinn et déi, déi se schafen, an déi se benotzen, déi se protegéieren an ënnerstëtze mussen.

Dofir gëtt et all Joer dës Campagne, fir Donen ze sammelen. An dat ass, firwat ech perséinlech mäin Don gemaach hunn.

Ech hoffen, Dir maacht et nach haut wéi ech, a maacht en Don vu 15€, 30€, 50€ oder wéi vill der kënnt, fir datt d'Wikipedia fräi bleift.


Merci,

Joan Gomà

Barcelona, Catalonia