Fundraising 2010/Sue Appeal/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki

  1. Liest w.e.g: e perséinlechen Opruff vun der Sue Gardner, Executive Director vun der Wikimedia
  2. Liest w.e.g: en dréngenden Opruff vun der Sue Gardner, Executive Director vun der Wikimedia
  3. Vun der Sue Gardner, Executive Director vun der Wikimedia
  4. Quell Text:

“Wikipedia fonctionnéiert nëmmen an der Praxis. An der Theorie ass et e kompletten Desaster.”

Ee vun den éischte Fräiwëllege vu Wikipedia sot dat, ier et 2006 en allgemeng bekannte Begrëff ginn ass. Et stëmmt nach ëmmer: Eng geckeg Iddi wéi Wikipedia – Fräiwëlleger vun der ganzer Welt schafen eng Enzyklopedie mat Milliounen Artikelen – misst eigentlech onméiglech sinn.

Wikipedia ass elo zéng Joer al. Se gëtt nach ëmmer zu 100 Prozent vu Fräiwëllege geschriwwen an editéiert, well ëmmer erëm nei Leit beim Projet matmaachen. An se ass nach ëmmer 100 Prozent onofhängeg a fräi vu Reklammen.

Mir sinn d'Nummer fënnef vun den Internetsiten op der Welt, mat méi wéi 400 Millioune Lieser pro Mount. Déi eenzeg Méiglechkeet fir se weiderhi fräi a gutt fonctionnéieren ze loossen, ass wa méi Lieser sech dozou decidéieren, Donateuren ze ginn.

Elo, hu mir d'Halschent vun eiser alljährlecher Sammelaktioun erreecht. Mir brauchen nach 8 Milliounen US-Dollar. Wa jiddweree vun eise Lieser 1 US-Dollar spende géif, da wier eis Aktioun an ongeféier 5 Stonnen ofgeschloss. Awer net jiddweree kann oder wëllt spenden, an dat ass an der Rei.

Ech sinn iwwerzeegt, datt et méi wéi genuch Leit gëtt, déi Wikipedia mat engem Don vun $5, $20, €30, ¥4.000, oder deem Betrag deen si sech leeschte kënnen, d'Wikipedia ënnerstëtzen fir datt d'Wikipedia fräi an onofhängeg bleift. Sidd Dir ee vun deenen?

Villmools Merci,

Sue Gardner

Executive Directror
Wikimedia Foundation