Translation requests/PR-1mil/Lb:

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki

Afrikaans | العربية (Arabic) | Български (Bulgarian) | Català (Catalan) | Česká (Czech) | Dansk (Danish) | Deutsch (German) | English (US) | (int'l) | Esperanto | Español (Spanish) | Français (French) | עברית (Hebrew) | हिन्दी (Hindi) | Bahasa Indonesia (Indonesian) | Íslenska (Icelandic) | Italiano (Italian) | 日本語 (Japanese) | 한국어 (Korean) | Lëtzebuergesch (Luxembourgish) | Nederlands (Dutch) | Norsk (Norwegian) | Polska (Polish) | Português (Portuguese) | Română (Romanian) | Русский (Russian) | Slovenščina (Slovenian) | Svenska (Swedish) | Tiếng Việt (Vietnamese) | 中文(简) (Chinese, simp) | 中文(繁) (Chinese, trad) | (edit this list)

NOTE: All contributions to this page are considered released into the public domain. This is necessary so that news services can copy this press release and even create a news article from it, without having to worry about the GNU FDL.

Eng Millioun Wikipedia Artikelen[edit]

20. September, 2004 (Lëtzebuerg):

D'Wikipedia Foundation huet haut d'Kreatioun vum engmilliounsten Artikel op der Wikipedia, hirem Projet fir eng fräi Encyklopedie verkënnegt (http://lb.wikipedia.org ). Wikipedia ass eng vun Fräiwëllegen erstellten, méisproocheg Enzyklopedie déi am Januar 2001 ugefaange gouf. Zur Zäit ginn an iwwer 100 Sproochen aktiv Artikelen geschriwwen ; domat ass et de gréissten and am séierste wuessenden open-content Projet op der Welt. Ongeféier 2500 nei Artikele gin all Daag derbäi gesat, an zéng mol méi existeierend Artikelen ginn op den neisten Stand bruecht.

Am Laf vum leschte Joer ass Wikipedia virun allem an den net-englesche Sprooche gewuess, en Zeechen vun dem Projet senger zouhuelender Méisproochegkeet. Vun den iwwer 100 verschiddene Sproocheversiounen, sinn et der 14 déi am Moment méi wéi 10'000 Artikelen hun: (Englesch (http://en.wikipedia.org ): 339,000, Däitsch (http://de.wikipedia.org ): 135,000, Japanesch (http://ja.wikipedia.org ): 69,000, Franséisch (http://fr.wikipedia.org ): 50,000, Schwedesch (http://sv.wikipedia.org ): 39,000, Polesch (http://pl.wikipedia.org ): 37,000, Hollännesch (http://nl.wikipedia.org ): 35,000, Spuenesch (http://es.wikipedia.org ): 28,000, Italienesch (http://it.wikipedia.org ): 23,000, Dänesch (http://da.wikipedia.org ): 21,000, Esperanto (http://eo.wikipedia.org ): 15,000, Portugiesesch (http://pt.wikipedia.org ): 14,000, Chinesesch (http://zh.wikipedia.org ): 13,000, and Hebräesch (http://he.wikipedia.org ): 10,000).

Den Grënner vun Wikipedia, den Jimmy Wales, kommentéiert dass den Succes vun Wikipedia un der Präsenz vun engem staarke Kaer vu gudd informéierten an sproochgewandten Auteuren aus der ganzer Welt läit. Zesummen halen sie un der Kommunautéit hiere Werter: Héiflechkeet, Zivilitéit an Neutralitéit. Den Mechanismus fir di héich Qualitéit vun den Artikelen z'erhalen erklärt hien esou: D'Partizipanten halen en Aan op der Säit vun den "Rezenten Ännerungen". Déi ganzen Zäit verbesseren an editéieren si hir Aarbecht géigesäiteg. Suguer Artikelen iwwer kontrovers Sujeten kënnen op déi Art a Weis behandelt gin. Di offiziell Adoptioun vun der Regel vum Neutralitéitsstandpunkt (NPOV policy) war an dësem Zesummenhang entscheedend.

No enger Etude vun Alexa.com (http://www.alexa.com ) ass Wikipedia ass hautesdaags ee vun den zéng am meeschten benotzte Referenzsiten um Internet.

Dem Projet séng Popularitéeit ass dëst Joer unerkannt ginn souwuel mam Prix Ars Electronica for Digital Communities wéi mat engem Webby Award for Community (http://meta.wikimedia.org/wiki/Trophy_box ).

Wikipedia gëtt emmer méi benotzt als eng Resource vu Studenten, Journalisten, an jiderengem dee e point de depart brauch fir um Internet Saachen nozesichen. Als Zousaz zu méi traditionellen encyklopedeschen Sujeten ass Wikipedia an der Lag fir séier op aktuell Evenemeneter ze reagéieren and Informatiounen ze bréngen sou baal et geschitt ass. Wéinst der Neutralitéitsregel kann ee soen dass Wikipedia viläicht suguer méi no un der Wourecht ass wéi verschidde aner Medien.

Dat huet en héige Wäert fir Educatiounsbesoinen, wou Proffen a Studenten um läschte Stand musse sin. Well et quasi keng Limitatioune a puncto Plaz gëtt, probéiert Wikipedia och verschidde Funktiounen vu méi spezialiséierten Encyklopedien z'iwerhuelen. Am Géigesaz zu enger Pabeiersenzyklopedie kann d'Wikipedia sech et leeschte fir souwuel Artikelen iwwer méi elementar an mei fortgeschratten Aspekter vun engem Sujet ze hunn.

Modern Enzyklopedien a gedrëckter Form musse Plaz maachen fir nei Sujeten, waat oft op d'Käschte vu méi eleren Theme geet. Daat betrëfft vrun allem d'Wëssenschaft an déi nei Technologien. Op Wikipedia kann daat méi ausgeglach gespäichert gin waat dozou féiert datt Wikipedia méi geschichtlech Referenzen kann ugin.

Wikipedia leeft duerch e wiki Software Typ dee MediaWiki genannt gëtt, an et all Mensch erlaabt zu jiddfer Zäit eng Säit ze änneren an d'Ännerungen direkt kënnen ze gesin (wiki heescht 'séier' op hawaiianesch). D'Partizipanten schaffen esou zesummen, andeems een deem anere seng Ännerunge benotze kann, an natierlech ëmmer andeems sie d'Neutralitéit respektéieren. Wa Fehler opdauchen kënnen déi direkt vun engem anere Partizipant verbessert gin.

All Wikimedia Content gëtt ënnert der GNU Free Documentation License (http://www.gnu.org/copyleft/fdl.html#SEC1 ) (GFDL) publizéiert, waat all Partizipant erlaabt, engem anere seng Arbecht ze verbesseren a Saachen zum Thema bäizedroen, no engem Prinzip deen als copyleft bekannt ass. Dës Lizenz erlaabt et och, de Contenu vu Wikipedia weiderzeverbreeden, esoulaang de Contenu op der neier Plaz och ënnert der GFDL steet. D'MediaWiki Software ass geneesou fräi ze kréien, ënnert enger ähnlecher Lizenz speziell fir Software.

Nierwt Wikipedia ënnerstetzt d'Wikimedia Foundation (http://www.wikimediafoundation.org ) nach eng Partie aner multisproocheg Duechterprojeten: Wiktionary (en Dictionnaire an Thesaurus op wiktionary.org), Wikiquote, (eng Sammlung vun Zitaten op wikiquote.org), Wikibooks, (eng Sammlung vun e-books, notamment fir Studenten op wikibooks.org), a Wikisource (Texter a Bicher aus dem Domaine public op wikisource.org). Säit der Grënnung vun der Wikimedia Foundation konnten iwwer US$50,000 gesammelt gin fir dës Projeten ze ënnerstetzen. Méi Informatiounen zu den Donatiounen fannt dir ënnert http://www.wikimediafoundation.org/fundraising.

Well all Dag Ännerunge firgeholl gin, ass et quasi onméiglech ze soen wou Wikipedia an d'Duechterprojeten an engem Joer stoe wäerten. Waat awer sëcher ass, ass datt duerch d'GNU Lizenzen de Contenu an d'Software duerch déi Wikipedia funktionnéiere kann, fräi bleiwen.

Weider Informatiounen[edit]

Fir all weider Froen, kontaktéiert w.e.g.:

Jeannot Conrardy, Mamer, Lëtzebuerg
Phone:+352 26310533
Email: conramam@pt.lu

Jimmy Wales, Board of Trustees Chair, Wikimedia Foundation (nëmmen englesch)
Phone: (+1)-727-644-3565
Email: jwales@wikimedia.org


Méi Hannergrondinformatiounen fannt dir hei: