Wikimedia Foundation elections/Board elections/2011/Committee/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki
D'Walen hunn den 12. Juni 2011 opgehal. Et gi keng Stëmme méi akzeptéiert.
D'Resultater goufen de 17. Juni 2011 bekanntgemaach.
Wale fir de Verwaltungsrot 2011
Organisatioun

De Comité vun de Walen vun 2011 fir de Verwaltungsrot organiséiert Detailer vum Oflaf vun de Walen am Kader vun der Decisiounsgewalt déi si vum Verwaltungsrot delegéiert kritt hunn, ënnert der Opsiicht vum Verwaltungsrot, a si kënnen dem Verwaltungsrot Recommandatioune fir d'Wale ginn.

Memberen[edit]

De Comité besteet aus Memberen déi vum Verwaltungsrot genannt goufen fir d'Wale fir de Verwaltungsrot vu Wikimedia 2011 z'organiséieren. Dës Comitésmembere mussen Editeure vu mindestens engem oder méi Wikimedia Projete sinn, däerfen net am Verwaltungsrot sinn an och net Kandidat bei de Wale sinn, si däerfen och net un de Wale fir de Verwaltungsrot 2011 deelhuelen.

De Comité besteet aus dëse fënnef fräiwëllege Memberen:

Name Languages Location (time zone)
Abbas Mahmoud sw, en-3 Nairobi, Kenya (UTC+3)
Jon Harald Søby nb, en-3, sv-3, de-2, da-2, es-1, eo-1, ro-1, sw-1 Dar es Salaam, Tanzania (UTC+3)
"Mardetanha" fa, az, en-3, tr-2, ar-1, mzn-1, glk-1, bqi-1, tk-1, crh-1 Zanjan, Iran (UTC+3:30)
"Matanya" he, en Israel (UTC+2)
Ryan Lomonaco en Grand Rapids, Michigan, USA (UTC-4)

Aufgaben[edit]

De Walcomité ass verantwortlech fir d'Plangen a fir all Froe vun der Duerchféierung vun de Wale fir de Verwaltungsrot. Esou plangt dëse Comité den Typ vun de Walen, Critère vun de Stëmmen, Critère vun de Kandidaturen, preparéiert an organiséiert all déi offiziell Säite vun de Walen op Meta, iwwerpréift op all d'Kandidaten an all d'Wieler d'Konditiounen erfëllen, iwwerpréift d'Stëmmen a vergewëssert sech datt keng Stëmmen duebel gezielt goufen a vergewëssert sech datt e keng aner Problemer ginn huet.