Translation requests/WMF/Fundraising pages/Wikimedia brauch Är Hëllef

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki
Wëssen ass Muecht. Hëlleft eis d'Wësse fräi ze maachen.

Dir hudd bestëmmt a leschter Zäit e puer Problemer, vrun allem waat d'Schnellegkeet ugeet, op Wikipedia an anere Wikimedia-Projete matkritt. Mir schaffen drun, fir de System méi efficace ze maachen, mee den Trafic op de Wikimedia Serveren verduebelt sech all véier Méint. wikipedia.org ass haut eng vun den 200 am meeschte besichte Säiten am Internet a misst géint Enn des Joeres an d'Top 100 eropklammen.

Dës Augmentatioun vum Trafic ass natierlech spannend, mee bréngt och Problemer mat sech. Fir mat dësem Wuesstum matzehalen, musse mir 55 000 Dollar fir neit Material fir dëst Trimester ausginn (30 000 Dollar fir lescht Trimester). Mir wëllen awer méi maachen : mir wëllen déi néideg Infrastruktur an den néidege Stockage op d'Bee stellen, fir Serveren op der ganzer Welt z'ënnerstëtzen. Hosting-Partner kéinten eis hëllefen, an deem si déi exponentiell Augmentatioun vum Trafic ënnerstëtzen, ouni datt Käschte mat an d'Luut ginn.

Fir dëst méiglech ze maachem, benotze mir Fonds déi eis vun der Lounsbery Foundation iwwerwise goufen, fir Maschinnen ze kafen, déi mir am anere Fall net ugeschaf hätten. Mir brauchen awer och Är Hëllef fir d'Depensen, déi am Budget firgesi sinn, ze decken, wéi zum Beispill d'Hosting-Käschten, (déi och exponentiell an d'Luut ginn), kuerzfristegt Material daat gebraucht gëtt, an d'Ausgabe vun der Fondatioun.

Alles an allem brauche mer 75 000$ (USD) fir eis Bute vun dësem Trimester z'erreechen. Dir hudd eis gehollef 50 000$ (USD) lescht Trimester ze sammelen, bei eisem leschte Spendenopruff. All Don, egal wéi grouss, ass wertvoll - d'Majoritéit vun de Spenden déi mir kréien leien ëm déi 20 Dollar.¹(en)

Dir kënnt eis hëllefen, fir weiderhi fräi Ressourcen zur Verfügung ze stellen. Merci fir Är Generositéit.

  $00 000,00
>Detailler zu de Spende kënnen online gekuckt ginn.

19:00 UTC 2005-08-22

En Don maachen