Wikimedia Foundation elections/Board elections/2009/Committee/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki
D'Walen hunn den 10. August 2009 opgehal. Et gi keng Stëmme méi akzeptéiert.
D'Resultater goufen den 12. August 2009 bekanntgemaach.
Wale fir de Verwaltungsrot 2009
Organisatioun

De Comité vun de Walen 2009 organiséiert Detailer vum Oflaf vun de Walen am Kader vun der Decisiounsgewalt déi si vum Verwaltungsrot delegéiert kritt hunn, ënnert der Opsiicht vum Verwaltungsrot, a si kënnen dem Verwaltungsrot Recommandatioune fir d'Wale ginn.

Memberen[edit]

De Comité besteet aus Memberen déi vum Verwaltungsrot genannt goufen fir d'Wale fir de Verwaltungsrot vu Wikimedia 2009 z'organiséieren. Dës Comitésmmembere mussen Editeure vu mindestens engem oder méi Wikimedia Projete sinn, däerfen net am Verwaltungsrot sinn an och net Kandidat bei de Wale sinn, si däerfen och net un de Wale fir de Verwaltungsrot 2009 deelhuelen.

De Verwaltungsrot huet d'Walen de 26. Mäerz 2009 ugekënnegt an d'Membere vum Walcomité stinn hei:

Numm Sproochen Wunnuert (Zäitzon)
Jesse Plamondon-Willard (Pathoschild) en, fr Montreal, Kanada (UTC-5)
Daniel Bryant en, is-3, ja-2 Adelaide, Australien (UTC+10:30)
Yann Forget fr, en-3, hi-2, gu-1 Haute-Savoie, Frankräich (UTC+2)
"Dvortygirl" en, es-1, el-1 California, USA (UTC-7)
Alexandre Emsenhuber fr, en-2, de-2, pt-1 Neuchâtel, Schwäiz (UTC+2)
"Mardetanha" fa, az, en-3, tr-2, ar-1 Zanjan, Iran (UTC+3:30)
Andrew Garrett en Sydney, Australien (UTC+10)
Philippe Beaudette en Tulsa, Oklahoma, USA (UTC-5)

Aufgaben[edit]

De Walcomité ass verantwortlech fir d'Plangen a fir all Froe vun der Duerchféierung vun de Walen fir de Verwaltungsrot. Esou plangt dëse Komitte den Tap vun de Walen, Critère vun de Stëmmen, Critère vun de Kandidaturen, preparéiert an organséiert all déi offiziell Säite vun de Walen op Meta, iwwerpréift op all d'Kandidaten an all d'Wieler d'Konditiounen erfëllen, iwwerpréift d'Stëmmen a vergewëssert sech datt keng Stëmmen duebel gezielt goufen a vergewëssert sech datt e keng aner Problemer ginn huet.