Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'/Annonce vum 'Ëmbenenne vu Benotzer'

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki
This page is a translated version of the page Single User Login finalisation announcement/RenameUser announcement and the translation is 100% complete.


Single-User Login (SUL) Finalisatioun huet als Zil datt all Wikimedia-Auteur en individuelle Benotzerkont huet, dee global z'erkennen ass, mat engem Benotzernumm fir all Projeten. Wéi Dir vläicht wësst, ass et no laanger Zäit elo endlech esouwäit, no groussen Ustrengungen vu Bürokraten, Stewarden, an Ingenieure vun der Wikimedia Foundation. Dat wäert et och erméigleche fir 'cross-wiki tools' wéi global Notifikatiounen an Iwwerwaachungslëschten z'entwéckelen. Et ass bis elo nach keen Datum fir den Ofschloss vum 'Single-User Login' festgeluecht.

Et ass virgesinn datt all Ëmbenennungsprozeduren an eng global Ëmbenennungsprozedur ëmgeännert ginn. Als éischt gëtt d'Méiglechkeet fir lokal Bürokrate fir Benotzer ëmzebenenne gëtt Méindes de 15. September 2014 ausgeschalt. Global Ëmbenenner ginn elo festgeluecht fir sécherzestellen datt all Sproochen a Projete vertruede si wann dat geschitt. Ech hunn all Bürokrat eng Informatioun doriwwer virun 3 Woche geschéckt, mat der Invitatioun fir dobäi matzemaachen an eng ganz Rei hunn ugefaange fir unzefroe fir Member vun deem Grupp ze ginn. Zesumme mat de Stewarde kënne global Ëmbenenner d'Benotzer duerch den dacks schwierege Prozess fir e globale Benotzernumm ze kréien, begleeden.

Fir unzefänke besicht Special:MergeAccount fir Äre Benotzerkont zesummenzeleeë wann Dir dat nach ni gemaach hutt. Wann Är lokal Säiten iwwer d'Ëmbenennen nach mussen aktualiséiert ginn, da maacht dat w.e.g. an iwwerleet ob Dir d'Leit net op m:SRUC hiweist fir zukünfteg Ëmbenennungen, besonnesch wann dëse Projet keng Bürokraten huet, déi global Ëmbenennungsrechter hunn. Wann Dir nach Froen hutt, da kënnt Dir méi op der Hëllefssäit op Meta gewuer ginn. Dir kënnt den technesche Prozess op mediawiki.org verfollegen. Kontaktéiert mech op Meta fir all weider Froen. Merci fir Är Zäit.