Image filter referendum/Announcement/lb
D'Resultater goufen den 1. September 2011 ugekënnegt.
| Organisatioun |
|---|
|
Well dëst e globale Referendum ass, ass eng grouss Bedeelegung noutwenneg. Verdeelt dëse Message u méiglechst vill Leit an hëlleft fir en z'iwwersetzen.
Opruff fir eng Ëmfro iwwer e Billerfilter [edit]
D'Wikimedia Foundation, mat un der Spëtzt de Board of Trustees, organiséiert e Referendum fir ze bestëmmen ob d'Membere vun der Communautéit d'Schafen an de Gebrauch vun engem perséinleche Billerfilter mat Opt-In ënnerstëtzen, deen et de Lieser erlaabt fir fräiwëlleg verschidden Type vu Biller an hirem eegene Kont erauszefilteren.
Méi Detailer an Informatiounsmaterial kënnt deemnächst eraus. De Referendum ass vum 12. bis 27. August 2011 geplangt. E gëtt op Serveren vun enger neutraler Partei organiséiert. D'Detailer vum Referendum, d'Conditioune fir matzemaachen a weider Materialien ginn deemnächst op Image filter referendum publizéiert.
Fir de Koordinatiouns-Comité,
Philippe
Cbrown1023
Risker
Mardetanha
PeterSymonds
Robert Harris
Plaze fir bekannzemaachen [edit]
Mir wëllen dëst op esou vill Plaze wéi méiglech bekanntmaachen an dofir kënne mir Är Hëllef gebrauchen. Kuckt w.e.g. regelméisseg do no, wou Dir et publizéiert. Wa méiglech maacht d'Communicatioun an der Sprooch vun der Mailing-Lëscht oder der Sprooch vum Projet an net op Englesch.
All d'Stamineeë vum Projet goufe schonn informéiert, awer dës goufen op Englesch informéiert; all Projete kënnen dovu profitéieren wann si an hirer Sprooch informéiert ginn an och doran diskutéire kënnen.
[edit]