Licensing tutorial/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki
Preview of the original artwork (in English)
  • Nëtzlech Tuyaue wann Dir bäi Wikimedia Commons matschafft
  • Dir kënnt Wierker eroplueden déi Dir komplett selwer gemaach hutt.
    • Dëst ass och valabel fir Fotoen a Videoe vun:
      • Natierleche Landschaften, Déieren, Planzen.
      • ëffentleche Figuren a Leit déi op ëffentlech Plaze fotograféiert goufen.
      • nëtzlech oder net-artistesch Objeten
    • original Zeechnungen, Kaarten, Diagrammer an audio Material.
    • Opgepasst: Wann Dir Ärt Wierk op Wikimedia Commons setzt, da gitt dir jidderengen d'Recht et ze benotzen, ze kopéieren, z'änneren an ze verkafen ouni Iech z'informéieren.
  • Mir kënne keng Wierker akzeptéieren déi vun Anere kreéiert oder inspiréiert sinn
    • Am Allgemenge kënnt dir engem anere säi Wierk net eroplueden.
    • Dëst ass och valabel fir Wierker wéi:
      • Logoen
      • CD / DVD Coveren
      • Fotoe vu Reklammen
      • Screenshots vu Fernseeshowen, Filmer, DVDen, a Software
      • Zeechnunge vu Personnage vun der Telé, aus Comics, oder Filmer − esouguer wann Dir se selwer gezeechent hutt
      • déi meescht Biller déi um Internet publizéiert sinn.
  • ... mat zwou groussen Ausnamen:
    • Dir kënnt engem Anere säi Wierk eropluede wann den Auteur d'Autorisatioun ginn huet datt jiddereen et benotzen, kopéieren, änneren a verkafen däerf.
    • Dir däerft Äre Fotoe vun ale (gewéinlech méi wéi 150 JOer al) Konschtwierker, Statuen a Gebaier eroplueden.
  • Conclusioun...
    • Dir kënnt Är original Wierker eroplueden.
    • Merci fir Är Hëllef; dëst ass wichteg.
    • Mir kënne keng Wierker vun Aneren akzeptéieren ouni deenen hir explizit Autorisatioun.
  • Sidd Dir nach net sécher? Frot den Helpdesk.
  • OK
  • STOP
  • OK
  • STOP