Fundraising 2010/Appeal/lb

From Meta, a Wikimedia project coordination wiki

"Wéi ech virun zéng Joer anere Leit vu Wikipedia erzielt hunn, hunn déi meescht just de Kapp gerëselt. Loosse mer just soen, se ware skeptesch, datt Fräiwelleger aus der ganzer Welt sech zesumme kéinten doen, fir eng bemierkenswäert Sammlung vum Wësse vun der Mënschheet ze schafen, mat als eenzeger Motivatioun dem Gedanke vum Deelen.

Keng Reklammen. Keng Profitter. Keng Hannergedanken.

Haut, ee Joerzéngt dono, gebrauche 400 Millioune Mënschen all Mount d'Wikipedia an hir Sëschterprojeten – dat ass bal en Drëttel vun alle Mënschen déi Zougank zum Internet hunn.

D'Wikipedia steet op der fënnefter Plaz vun deene beléifste Websäiten op der Welt. Déi aner véier goufe mat Milliardenzommen op d'Bee gestallt, gi bedriwwe vun Entreprisë mat Dausende vun Employéën, a mat engem enormen Opwand u Publicitéit.

Mä d'Wikipedia huet näischt mat enger kommerziell bedriwwener Websäit ze dinn. D'Wikipedia gëtt duerch d'Communautéit geschafen – geschriwwen an ënnerhale vun enger Onmass vu Fräiwëllegen – Artikel fir Artikel, Saz fir Saz. Dir, deen Der dëse Bréif liest, maacht Gebrauch vu Wikipedia – a sidd domat en Deel vun dëser Communautéit.

Ech schreiwen Iech haut, fir Iech ze bieden, datt Der d'Wikipedia ënnerstëtzt an erhaalt.

Zesumme kënne mir erreechen, datt d'Wikipedia gratis an ouni Reklamme bleift. An zesumme kënne mer derfir suergen, datt d'Wikipedia fir jiddweree fräi zougänglech bleift – Dir kënnt all Informatiounen ouni Limitte benotzen, souvill wéi der wëllt. A mir kënnen d'Wikipedia viru wuesse loossen, Wëssen op der ganzer Welt verspreeden, a jiddwereen, dee wëllt, dozou invitéieren, matzemaachen.

All Joers ëm déiselwecht Zäit adresséieren ech mech un Iech, Dir déi d'Wikipedia benotzt, a bieden Iech, äis bei eiser gemeinsamer Aarbecht z'ënnerstëtzen. Hëlleft äis mat Ärem Don, wéi héich och ëmmer en ass.

Wann Iech d'Wikipedia als Quell vun Informatiounen an heiansdo och als Inspiratioun wichteg ass, dann hëlleft äis hei an elo.

Mat beschte Gréiss,

Jimmy Wales

Grënner vu Wikipedia

P.S.: D'Wikipedia ass de Beweis, datt Leit wéi mir kënnen Aussergewéinleches erschafen: Mënsche wéi mir schreiwen an der Wikipedia, Wuert fir Wuert. Mënsche wéi mir spende fir Wikipedia, Euro fir Euro. Gëtt et e bessere Beweis dofir, datt mer kapabel sinn, mateneen d'Welt ze veränneren?